Wéi de Mënsch ass
Autor Mars KleinPaperback – 6 sep 2023
Am zweeten Deel geet et op d'Rees. Op e klasseschen Hexebierg, de Brocken am Haarz, bei zwee bombastesch däitsch National-Monumenter an op de Kyffhäuser an Thüringen, wou zënter Joerhonnerten de Keeser Barbarossa schlofe soll. Et sinn spannend Reportagen aus der Radio-Zéri Ënnerwee op eng historesch Plaz.
No ville kulturellen a kulturpoliteschen Artikelen fir d'Zeidungen Tageblatt a Lëtzebuerger Land huet de Mars Klein zënter 2011 eng ganz Rëtsch Émissione geschriwen fir den nationale Radio 100,7. Déi meescht vun den Texter am Buch - awer nët all - si liicht iwerschafften Aarbechten fir d'Antenn.
Editions Schortgen huet mam éischte Buch Wat d'Hémecht war et 2017 derwert fonnt - a fënnt mam zweete Buch Wéi de Mënsch ass et elo derwert, datt 'dës litteraresch Wuer' nët an den audiophonen Archiver vergiëss gët - mee op Pabeier gedréckt enger méiglechst breeder Liëserschaaft fir nozebliëderen an nozedenken virläit.
Datt och dës Kéier d'Buch illustréiert ka sinn mat Timberen aus der Geschicht vun der Lëtzebuerger Post, ass e Glécksfall. Nët nëmmen, well Post Philately e ganz koopératiwe Partner ass - Merci dem Här Emile Espen a sénger Ékipp, awer virun allem, well an hirem Katalog esou vill historesch a kulturell interessant Käppercher ze fanne sinn, déi bei d'Texter gutt passen. Et däerf een hoffen, datt d'Zesummenaarbecht vun Auteur / Éditionshaus mat der Post och eng Plus-Value ass fir de schéine Sammeler-Objet Timber.
Blick ins Buch
Preț: 171.72 lei
Puncte Express: 258
Carte indisponibilă temporar
Doresc să fiu notificat când acest titlu va fi disponibil:
Se trimite...
Specificații
ISBN-13: 9782919792306
ISBN-10: 291979230X
Pagini: 184
Dimensiuni: 160 x 239 x 15 mm
Greutate: 0.53 kg
Editura: Editions Schortgen
ISBN-10: 291979230X
Pagini: 184
Dimensiuni: 160 x 239 x 15 mm
Greutate: 0.53 kg
Editura: Editions Schortgen
Notă biografică
De Mars Klein ass gebuer den 8. 12. 48 zu Lëtzebuerg. En huet Litteratur- a Sprooch-Wëssenschaaft studéiert a war Enseignant am Lycée. Vun 1985 bis 1995 Attaché am Kultur-Ministère. Kulturpolitesch, historesch a litteraresch Artikelen huet en geschriwen fir Tageblatt, Lëtzebuerger Land, RTL an 100,7. Op der Keller-Bühn vum Neien Teater an der Stad huet en vun 1978 bis 1981 véier Solo-Kabarett-Programmer opgefouert. 2012 huet en mam Claude Mangen a Rudi Schubert de republikanesche Spektakel Adel braucht Tadel am Mierscher Kulturhaus gespillt, an 2016 op Tournée mam Véronique Kinnen, Sabine Rossbach a Rudi Schubert den humoristesche Programm Päerd sinn och nëmme Mënschen.